New Era Love (Lëtzebuergesch, 2020-2022)
D'Gesellschaft huet vun engem Moment op den aneren radikal geännert an dat huet en staarken Impakt op den Mënsch, deem seng Bezéiungen an Interaktiounen mat deem aneren.
COVID-19 Mental Gesondheet Studie
Eng amerikanesch Studie dei an der kalifornescher Universiteit Chapman geleed gouf, huet d’effekter vun der Pandemie un 4149 leit gemoos, dei an der moyenne 39 joer hun an dei an Amerika liewen. Dei Studie gouf end Abrell 2020 wahrend enger woch gemach. Dei Studie huet rausbruet dass den greissten deel vun den Leit declareiert hun, dass se mei Stress fillen (61%) an sech mei decourageiert fillen (45%) wei normal.
Bei deier enquete ass och erauskomm, dass d’leit dei en kommerzialen Beruf hun, wei zB leit dei an iessgeschafter schaffen, livreuren an restaurantpersonal sech nach mei alleng gefillt hun, mei anxieteit an mei negativ gefiller gefillt hun.
Bei den konfineierten koppelen wua anscheinend eng iwwerlaschtung vun den preexistenten konflikter ze bemieken.
Weinst dem lockdown, hun 64% vun den koppelen gesoot sie geingen mei zeit mat hierem partner verbrengen.
Ongefeier ¼ vun den Teilnehmer hun zougin manner streit mat hierem partner ze hun wahrend enger woch (24%) an ¼ hun zougin mei konflikter wei sos ze hun (25%).
Den David Frederick analyseiert an seet dass fir veschidden koppelen, den positiven Punkt ass, dass sie sech hierem partner mei no komm sin. Fir anerer, den fakt zesummen doheem ze sin; mescht dass kleng Stressfaktoren sech accumuleieren an dann exploseieren; daat waat dun konflikter an meenungsverschidenheeten favoriseiert.
Angscht Zoustänn an sexuellt liewen
Et haat een keinten mengen, dass den lockdown dei ideal occasioun fir koppelen wier fir mei zeit fir hier intimiteit an sexualiteit ze widmen. Effektiv, just 19 % vun den Teilnehmer un der Studie hun zougin mei sexualiteit an intimiteit wei sos ze erliewen.
Angschtzoustaenn an stress iwwert gesondheet; finanzen an eng rei aner gedanken dei eis energie konsummeieren kennen et schweier machen fir sech an stemmung ze fillen, seet d’Amy Moors, Assistenz Professorin an der Psychologie vun der Chapman Universiteit.
Trennungs Risiko
Eng Trennung ass en konkreten Risiko fir all Koppel an déi schwiereg Situatioun mat der Pandemie huet genuch leit zum iwwerlee bruet an puer Trennungen bewierkt an dat och hei am Land.
Firun der Krise, 2013 zum Beispill, hu sech 121000 koppelen an Frankräich gescheet (Nom Institut national d'études démographiques) an bal eng vun zwou Hochzäiten (46%) hat deemools den Risiko op en Enn ze goen.
Et heescht awer net dass d'Leit eleng bleiwen, den ganzen “boom” vun den “Datingapps” an der neier Era, wäisst dass et dem Mënsch wichteg ass, mam aneren an gudden Konditiounen ze liewen an dass en dat trotz enger Welt-Krise nach ëmmer probéiert an net opgëtt.
Haut Desdaags, trennen sech koppelen vill méi schnell, well se net eng imperfekt Bindung wëllen erliewen. Déi verschidden “Begeinungs-Säiten” (sites de rencontres), déi beim sichen vum perfekten Partner sollen hëllefen déi multiplizéieren sech och dohier. Déi exigent Singlen mussen just ukräizen an dann kréien se adequat Profiler gewisen.
Mä wat erkläert dat leiden an enger koppel an wisou ass den Risiko fir eng Trennung sou héich? D'Äntwerten op des fro sin komplex an puer vun den beschten Spezialisten kennen eis dobäi hëllefen e bëssen méi kloer ze gesinn.
Eva Illouz, eng renomméiert Soziologin, seet dass d'leiden vun der léift, net nëmmen en leiden ass, deen mat der Bindung ze dinn huet oder mat der Interaktioun. No der Soziologin, huet den Problem mam ganzen Drock ze dinn, deen vun den sozialen an kulturellen Widderspriech kennt an deen sou eisen ECH-Konzept an déi modern Identitéiten strukturéieren. Mir gi also gepräägt vun deem wat an eiser Gesellschaft geschitt an eis Perséinlechkeet gëtt och dovunner gepräägt.
Den Gerard Neyrand, Soziolog an Wëssenschaftler, ass der Meenung dass et néideg ass, deen “verluerenen” leit hëllef unzebidden, mä net nëmmen beim Elteren si, mä och der Koppel déi zimmlech fragiliséiert ass wéinst dem “Poly-amour”, dem “Sex-Konsum” op den sozialen Medien. Hien ass der Meenung dass Koppelberodung, Familljentherapien, Mediatiounen, etc, Plazen si déi néideg sinn an déi och illustréieren dass d'koppel probéiert sech awer erëm ze fannen.
Nom Soziolog soll een “d'Tyranie vun den Affekter”, d'Gewalt déi sech ergëtt wéinst den sozialen Mutatiounen an betruecht zeien, well dat kloer en Impakt op déi Intim Welt huet.
Den François de Singly, Soziologie Professer an der Sorbonne zu Paräis, ass der Meenung dass mir elo sou idealistesch wei nach ni sinn, hien seet dass mir net mam aneren streiden wëllen andeems een zu zwee wunnt, mä et well een och net eleng wunnen. Jiddereen well sech selwer gi an dofir muss een säin Espace an seng Zäit gutt maitriséieren seet hien.
Ennerstetzung an der Koppel
Den Soziolog ass och der Meenung, dass mir all eng Persoun brauchen déi eis nosteet, mä net onbedéngt permanent physesch op allefall. Mir brauchen et iwwert eis Problemer ze schwätzen an mat deem mir eng Frëndschaft hunn an een deen op eis oppasst. Koppelsin kann eng hëllef si, wann den Partner en oppen Ouer kann hunn fir d'Leiden vum Partner opzefänken. Hien nennt dat “travailleur de care”. No him ass d'Aarbechtswelt eng “rude” an eng haard Welt, an deem sënn ass et also wichteg den Soutien vum Partner ze hunn. Elo an dëser Era, nach méi wei nie. Den Här Singly seet dass d'Koppel en Refuge ass an enger Gesellschaft wou een “schlei” (coups) kritt. D'Koppel soll awer keng Platz si wou een sech aspärt, seet den Spezialist vun den sozialen Bezéiungen.
Konklusioun
Ech hoffen dass genuch leit sou eng wichteg Persoun em sech hunn oder zumindest fannen, fir des Zäit sou gutt et geet ze iwwerstoen.
Fir déi wou d'Gléck hunn, sou en Mënsch em sech ze hunn, sidd dankbar an wéisst dat deem Mënsch och, well net jiddereen huet dat an dëser schwéierer Zäit.
Fir den Recht, wei d’Spezialisten soen; plaatzen wou een hellef kann kreien sin wichteg an och dofir do. Bleiwt net alleng an huelt hellef falls neideg.
Dësen Artikel ass op psycho- an sozio-edukativer Basis, well ech perséinlech fannen dass méi iwwert gesellschaftlech Schwieregkeeten geschwat an opgekläert soll ginn.
Zum Schlusswuert, ech fannen och dass et en deel Selfcare ass; wann een wieder kann setzen op daat waat ronderem geschitt, et mei senn ergett an een sou eventuell mei bewosst kann liewen.
Dina Patricia Freitas
Master en Sciences Psychologiques et de l'Éducation
Université Libre de Bruxelles
Bischer:
Illouz, E. (2020). La fin de l'amour. Enquête sur un désarroi contemporain. Paris, France: Editions du Seuil
Neyrand, G. (2018). L'amour individualiste. Comment le couple peut-il survivre?. Toulouse, France: Editions Erès.
Wessenschaftlesch Literatur:
Sciences Humaines. Aimer au 21ième siècle. Comment faire couple aujourd'hui? (Décembre 2015). Nr 276. Auxerre, France.
Frederick, D., (2020). COVID-19 National Mental Health Study. Center for Excellence in Biopsychosocial Approaches to Health. Chapman University, California. USA.